An der Receptioun vun enger Klinick (A2)
Poterkëscht vum INLL - A podcast by Poterkëscht
Categories:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
An der Receptioun vun enger Klinick
A: Moien!
B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147?
A: Jo.
B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen?
A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr. Jentgen.
B: Kann ech Är Identitéitskaart an Är Krankekeesskäertche kréien, wannechgelift?
A: (gëtt d’Käertercher)
B: Merci.
(kleng Paus)
B: Ass Är Telefonsnummer nach ëmmer korrekt?
A: Ech mengen, jo.
B: Kënnt Dir se widderhuelen, wannechgelift?
A: 021 89 14 53.
B: Merci! An Är Adress?
A: 327, am Duerf ; 8363 Houschent, also “Hoscheid”.
B: Tipptopp, ‘t ass alles korrekt.
Är Doktesch ass viru siwe Méint op en anere Stack geplënnert. Ech erklären Iech de Wee. Dir gitt elo fir d’éischt no lénks bis bei de Lift oder bei d’Trapenhaus. Hir Praxis ass elo um drëtte Stack. Beim Lift oder bei den Trape gitt Dir no riets an dann direkt no lénks. Da gitt Dir ongeféier zéng Meter riichtaus. Do ass nach eng kleng Receptioun. Sot dem Receptionnist Bescheed, datt Dir do sidd. Vis-à-vis ass d’Salle d’attente. D’Dr. Jentgen kënnt Iech da sichen. Si huet leider e bësse Verspéidung. Vläicht musst Dir 15 bis 20 Minutte méi laang waarden.
A: Ok. Hutt Dir eng Kantin oder eng Cafeteria?
B: Jo, eis Cafeteria ass hei um Rez-de-chaussée, no riets an dann um Enn vum Gank. Et ass awer gutt, wann Dir Iech fir d’éischt erop umelle gitt, fir dass si wëssen, datt Dir do sidd. Am Waardezëmmer gëtt et och e Kaffisautomat an e Gedrénksautomat. De Kaffi an der Cafeteria ass, menger Meenung no, besser wéi deen aus dem Automat.
A: Dat gleewen ech. Villmools Merci fir all déi detailléiert Informatiounen!
B: Ganz gär geschitt! Schéinen Dag nach!
A: Merci gläichfalls. Äddi!
